
Direkt um Ufank vun den Ermëttlunge vun der Police hätten eng Rei Indicen dorop higewisen, datt et sech beim Feier ëm Brandstëftung handele kéint.
Ee Verdächtege wier dann och relativ séier identifizéiert ginn, wéi den Dikrecher Parquet e Freideg de Mëtteg matdeelt. Den 41 Joer ale Verdächtege wier e Freideg de Moie festgeholl ginn an dem Untersuchungsriichter zu Dikrech virgestallt ginn. De Mann gouf dann och inculpéiert an an Untersuchungshaft gesat. De Parquet erënnert awer och drun, datt wéi ëmmer d’Presomption d’innocence gëllt.
E Mëttwoch war de CGDIS géint 22.30 Auer alertéiert ginn, dass den Daach vun engem Hotel géif a Brand stoen, dat als Residence ëmfunktionéiert gi war.
Eng 88 Pompjeeë ware quasi déi ganz Nuecht mat de Läschaarbechten amgaangen, fir ze verhënneren, dass d’Flamen op d’Nopesch-Gebaier iwwersprangen. 22 Leit waren zum Zäitpunkt vum Brand am Gebai a missten evakuéiert ginn. De fréieren Hotel bleift bis op Weideres onbewunnbar.