
Kuerz no 17.30 Auer gouf d’Police an d’rue Marie-Adélaïde an der Stad geruff, wou et an enger Wunneng zu engem heftege Sträit koum. D’Beamten hunn op der Plaz festgestallt, dass d’Wunneng immens verwüüst a Miwwelen deelweis zerstéiert waren.
Eng Persoun, déi sech zu dem Zäitpunkt an der Wunneng befonnt hat, war deemno direkt op Konfrontatioun mat de Poliziste gaangen, ier sech eng zweet Persoun agemëscht hat an et zu heftegem Widderstand géint d’Beamte koum. Béid Persoune goufen doropshi festgeholl a koumen en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter.
Quasi zäitgläich gouf zu Bascharage een Abriecher op frëscher Dot ertappt. Och hie gouf festgeholl an en Dënschdegmoien dem Untersuchungsriichter presentéiert.