
Wéi si de Mann doropshi weider beobacht hunn, konnten d’Beamte gesinn, ewéi hien enger anerer Persoun Droge verkaf hat. Si hunn de Mann kontrolléiert an hunn 21 Bullen Heroin a 17 Bulle Kokain a senger onmëttelbarer Géigend séchergestallt.
D’Drogen, dem Mann säin Handy an d’Suen, déi hie bei sech hat, goufe saiséiert an de presuméierten Dealer gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.