Alkoholiséiert am StroosseverkéierPolice huet zwee Chaufferen de Permis ewechgeholl

RTL Lëtzebuerg
Géint 2 Auer an der Nuecht op e Sonndeg huet en Zeien en Auto gemellt, dee mat héijer Vitess vu Beetebuerg op Helleng gesteiert gouf.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

De Chauffer wier am Zickzack ënnerwee gewiescht a wier och e puer Mol mat sengem Gefier op g’Géigespuer geroden. D’Zeien hunn den Automobilist bis bei d’Hausdier zu Helleng verfollegt an do d’Police alarméiert. D’Beamten hu festgestallt, dass de Mann ze vill gedronk hat an hunn de Permis agezunn.

Um 6.30 Auer e Sonndeg de Moien huet eng Patrull um Parking vum Iechternacher Séi en Auto ugetraff, deen zwou Stonne virdru scho vun engem Zeie gemellt gi war, well de Won mat lueser Geschwindegkeet an am Zickzack op der Landstrooss ënnerwee war. Den Auto war queesch iwwer e puer Plaze geparkt an de Chauffer war hannert dem Steier ageschlof. Och hei war Alkohol am Spill an de Mann säi Fürerschäi lass.

Back to Top
CIM LOGO