Keng Tëschefäll gemelltPolice mécht op hire Service "Départ en vacances" opmierksam

RTL Lëtzebuerg
"Keine nennenswerten Zwischenfälle in der Nacht von Samstag auf Sonntag", sou d'Iwwerschrëft am Police-Bulletin e Sonndeg de Mëtteg.

D'Police mécht awer op hire spezielle Service opmierksam, wann een an d'Vakanz fiert. Wann ee sec op hirem Site umellt, kommen d'Beamten en Aen op d'Wunneng halen.

Schreiwes

« Départ en vacances » vun der Police

Dir hutt, trotz den Ëmstänn, geplangt an d'Vakanz ze fueren? Wärend Dir an der Vakanz sidd, huet d’Police en Aen op Ärt doheem. Schreift Iech nach ier Dir fortfuert iwwert d’E-Commissariat fir eise gratis Service “Départs en vacances“ an. Sou kënnen eis Polizistinnen a Polizisten Är Adresse an de Planning vun den allgemenge Sécherheetspatrouillen integréieren.

Informatiounen & Aschreiwung : https://police.public.lu/fr/commissariat-virtuel/depart-vacances.html

Back to Top
CIM LOGO