Kontroll vu Luuchten, Placken a PabeierenPolice mellt 370 Verstéiss am Kader vun der Campagne "Gutt Siicht"

RTL Lëtzebuerg
An der leschter Januarwoch huet d'Police verstäerkt Gefierer kontrolléiert. Iwwer 300 Avertissements taxés goufen et tëscht dem 24. an 30. Januar.

An 166 Fäll goufen et Problemer mat de Luuchten, respektiv waren d’Placken net liesbar. Iwwer 180 Avertissements taxés krute Chaufferen, well hir Autospabeieren net an der Rei waren. 23 Persounen hate kee Fürerschäin dobäi. 17 Mol huet eng Vignette fiscale gefeelt an an 23 Fäll goufen d’Autossteieren net bezuelt. Da goufen nach 35 Leit verbaliséiert, well si hir Versécherungspabeieren net am Auto leien haten. Ausserdeem hate 47 Automobiliste keng Attestatioun vum Contrôle technique. Hei ware jeeweils 2 Punkte fort an et gouf en Avertissement taxé.

Méi Informatiounen iwwert d’Sécurité routière fënnt een um Site vun der Police.

Back to Top
CIM LOGO