D'Serie geet weiderPolice mellt eng Partie Abréch e Freideg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Wéi et vun der Police heescht, goufen et e Freideg den Owend eng Rëtsch Abréch am Grand-Duché.
© RTL Archivbild

Zu Bëttel, Groussbus, Béiweng, Miesdref an zu Kielen. Zu Nidderaanwen hunn d'Proprietäre vun engem Eefamilljenhaus d'Abriecher quasi op frëscher Dot ertappt. Wéi si géint 19 Auer heem koumen, hu si nämlech nach Geräischer am Haus héieren. Deen oder déi Onéierlech konnten awer net gepëtzt ginn.

Wéi een am beschte präventiv géint Abréch soll virgoen, kann ee bei der Police noliesen.

Back to Top
CIM LOGO