Éischt Flacke si scho géint 8 Auer am Raum Zolwer gemellt ginn an och um Kierchbierg huet et kuerz no 8 Auer ugefaange mat schneien.
LIVE-Panorama vu Wäiswampech mat Kachelmannwetter!
Géint 14 Auer huet d'Police du via Twitter matgedeelt, dass tëscht 12 a 14 Auer 26 Accidenter gemellt goufen.
Den 112 huet um 16.45 Auer dann och 7 Accidenter gemellt, wou Leit blesséiert goufen. Um 11.30 Auer koum et op der RN10 tëscht Mäertert a Gréiwemaacher zu engem Accident mat engem Blesséierten. Géint 11.35 Auer huet sech een Automobilist mat sengem Won iwwerschloen, dat op der A13 an Direktioun Schengen. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. Op der A13 an Direktioun Péiteng gouf et ee Blesséierte bei enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Camion. Weider Accidenter gouf et am Rollengergronn, tëscht Schous a Fëschbech, zu Hollerech an der Route d'Esch an op der A13 an Direktioun Schengen. Allkéiers gouf eng Persoun blesséiert.
Géint 17 Auer huet d'Police dunn een zweete Bilan kommunizéiert, wou si vun iwwer 50 Accidenter schwätzen. An de meeschte Fäll wier bei den Accidenter net vill Schued entstanen. Nëmme wéineg Leit wiere bei den Accidenter blesséiert ginn. Weider mellt d'Police, dass eng ganz Partie vun den accidentéierte Gefierer keng Wanterpneuen drop haten.
1. Sichern der Unfallstelle:
2. Hilfeleistung bei Verletzten:
3. Unfallaufnahme:
Lux Airport mellt dann och en Donneschdeg am Nomëtteg, dass et och am Fluchtrafic zu Verspéidunge komme kann. Och, dass ganz Flich gestrach ginn, wier méiglech. Deemno sollen d'Clientë sech op hirem Site renseignéieren.

METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder?
METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.
RTL-Artikel: Eng Partie Evenementer aus Sécherheetsgrënn ofgesot