
Dat Ganzt wäert vu 14 bis 17 Auer an der Policeschoul um Findel sinn. Nieft Presentatiounen, déi den Interesséierten de Beruff vun der Police méi no brénge sollen, wäerten et och Infostänn zu den ënnerschiddlechen Departementer a Servicer ginn, bei deenen ee sech iwwert alles renseignéiere kann, wat ee wësse wëll.
D’Plaze sinn allerdéngs limitéiert: Bis den 18. Mee kann ee sech per Mail bei der Adresse infodag@police.etat.lu mat sengem Numm a Virnumm umellen.