
Sou heescht et e Freidegmoien an engem Communiqué.
D’Nuecht vum 31. Dezember op den 1. Januar gehéiert zu de chargéiertsten am ganze Joer. D’Beamte missten op déi vill Appelle wéinst Kaméidi an der Nuecht duerch Partyen a Knupperte reagéieren. Dofir gëtt nach eemol drun erënnert, fir d’Nuetsrou ze respektéieren.
Fir déi Leit, déi feiere ginn, gëtt d’Police nach eng Rei Conseile mat op de Wee. Et soll een deemno op seng Saachen oppassen a se zu kengem Moment iergendwou leie loossen, op Täschendéif oppassen, net mam Auto fueren, wann ee gedronk huet a gutt op säi Gedrénks oppassen, fir ze verhënneren, datt een eppes an d’Glas geheit kritt. Verdächteg Persounen oder Objete sollen direkt der Police um 113 gemellt ginn.