
Et kann een duerchaus also vun enger krimineller Serie schwätzen, an där d'Police den Ament enquêtéiert. Dës Enquête leeft op Héichtouren, och mat der Police an den Nopeschlänner, wëll d'Brigange sech net eleng op de Lëtzebuerger Territoire konzentréieren. De Roy Grotz huet sech de leschte Stand vun der Enquête ugekuckt.
D'Taktik bei dëse Sprengungen ass ëmmer déi selwecht ass, op d'mannst wat d'Technik ugeet. Esou gëtt e Gas-Melange an de Bancomat gepompelt, deen dann, no e puer Minutten elektresch detonéieren, gelooss gëtt.
Doropshin flitt de Bankomat mat de Suen aus der Verankerung, d'Brigange kënne sech zerwéieren a sech duerch d'Bascht maachen. D'Flucht ass bei de leschten néng Sprengungen all Kéiers gelongen, déi leschte Kéier hat et e Samschdeg am Pommerlach geknuppt, doropshin war no engem schwaarze Range-Rover gesicht ginn.
D'Police huet Froe vun der RTL-Redaktioun schrëftlech beäntwert a preziséiert, datt d'Instruktioun nach op Héichtouren leeft. Duerfir kënnen och keng Informatiounen iwwert déi méiglech Schëlleg geliwwert ginn.
An aneren europäesche Länner ginn och Suen-Distributeure gesprengt, dat mat verschiddene Methoden, wéi de Ram-In, oder Ram-Out oder och d'ugeschwat Sprengunge mam Gas-Gemësch, grad wéi och verschiddenen Zorte vu Sprengstoff. E Muster ergëtt sech eréischt, wa méi Bancomate gesprengt ginn.

D'Police preziséiert, datt een, genee wéi an Holland, och hei am Land net inaktiv bleift, a sech mat der ABBL zesummesetzt, fir Géigemesuren ze treffen an d'Sue-Verdeel-Maschinnen besser ze schützen.
An Holland ass zum Beispill vun de Banken domat ugefaangen ginn, datt all Bankomate bis an 3 Joer aus Gebaier ausgebaut ginn, wou Leit dra wunnen. Eng aner Mesure ass, datt d'Automaten owes komplett zougemaach ginn. Déi meescht Bancomaten, déi an Holland zanter 2013 attackéiert goufen, stounge baussent Uertschaften nieft Stroossen.
Nieft Holland ass och Däitschland besonnesch betraff, d'Police schwätzt vun 400 gesprengte Bancomaten eleng dëst Joer, vill dovunner a Nordrhein-Westfalen.
D'Police setzt absënns op d'Matschaffe vun alle Leit, also och op Observatioune vu Persounen, déi sech komesch oder opfälleg ronderëm Geldautomate behuelen. Dëst gëllt et beim 113 ze mellen. Ëmmerhin geet et och ëm d'Protektioun vu Leit, déi kéinten uerg verwonnt ginn, wann e Bankomat gesprengt gëtt, eppes wat bis ewell glécklecherweis nach net de Fall war, obwuel de materielle Schued natierlech ganz héich ass. Pro Coup kënne bis zu 300.000 Euro fir d'Brigangen eraussprangen, dës Zomme gëtt an däitsche Medien avancéiert. Weider heescht et bei den däitsche Kolleegen, dat ee vun den Hotspotten an der Géigend vun Utrecht wier, wou d'Automatensprenger géife liewen a vu wou aus operéiert gëtt.
Méi protegéiert Distributeure kaschten iwwerdeem vill Suen. An dës sinn zu Laaschte vun de Banken.