Zeienopruff vun der PolicePolice sich no Feier zu Rëmeleng no Zeien

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht no Zeien. E Méindeg huet et kuerz virun Hallefnuecht bei engem Haus an der Rue Emile Lux zu Rëmeleng gebrannt.
© RTL-Archiv

D’Pompjeeën hätten evitéiert kritt, dass d’Feier vun den Hecken an de Poubellen op zwee Wunnhaiser iwwergaangen ass. Kuerz virum Brand hunn Zeien en haart Geräisch héieren, wat eventuell vun engem Knuppert komm ass. Scho kuerz virdrun hat et zu Téiteng haart geknuppt.

Wie virum Brand an där Géigend e verdächtege Won oder eng verdächteg Persoun gesinn huet oder soss nëtzlech Informatiounen huet, soll sech bei der Police vun Esch ënnert der Nummer 244 50 1000 oder per E-Mail (police.esch@police.etat.lu) mellen.

Back to Top
CIM LOGO