
An hirem éischten Zeienopruff gëtt no engem Mann gesicht, deen de 4. August am Terminal A vum Fluchhafen um Findel géint 18 Auer zwee Handye geklaut huet. Dat, wärend hir Besëtzer am Terminal op enger Bänk geschlof haten. Wien Infoen zur gesichter Persoun huet, ass gebieden, sech bei der Fluchhafepolice ze mellen ënnert der Nummer (+352) 244 185 100 oder per Mail un upa.sga@police.etat.lu.
Gesicht gëtt ausserdeem de Besëtzer vun enger Auer, déi bei engem Abroch an en Auto an der Nuecht op leschte Sonndeg an der Rue de l'Église zu Garnech geklaut gouf. Bei dësem Abroch waren och zwee Verdächteger gepëtzt ginn.
Bei der Auer handelt et sech ëm eng vun der Mark "Zeppelin" vun der Serie LZ126, Modell 7614-3 an der Seriennummer 04381. Opfälleg un der Auer wier der Police no, datt d'Glas vum Zifferblat feelt.
De Besëtzer oder Persounen, déi wëssen, wiem se gehéiert, solle sech beim Policebüro Capellen/Stengefort mellen ënnert der Nummer (+352) 244 301 000 oder per Mail u police.capellensteinfort@police.etat.lu.