Vëlosfuerer liicht blesséiertPolice sicht no Automobilistin no Accident an der Stad

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch, den 9. Februar, koum et an der Stad, op der Kräizung mat der Route d'Esch an der Rue de la Déportation, zu engem Accident.

Hei huet eng Automobilistin e Vëlosfuerer ugestouss. D’Fra huet an der Suite och nom liicht blesséierte Cyclist gekuckt, huet sech dono awer aus dem Stëbs gemaach.

Gesicht gëtt elo d’Fra, déi e klenge wäissen Auto fiert. All Informatioun ass fir d’Police aus der Stad ënnert der Nummer (+352) 244 40 1000 oder per E-Mail : police.luxembourg@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO