Krut Dir eppes geklaut?Police sicht no Besëtzer vu verschiddene Géigestänn

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet en Opgeruff gemaach, fir d'Besëtzer vun enger Rei Géigestänn ze fannen, déi bei méiglechen Déifstall-Ermëttlunge fonnt goufen.
© Police Grand-Ducale

Ënnert de Géigestänn sinn ënner anerem eng Rei al gëllen Aueren, Ketten, Mënzen an aner Bijouen ze fannen. Falls een deen een oder anere Géigestand op de follgende Fotoe vermësst, ass ee gebiede sech beim Policebüro Porte du Sud ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 57 1000 oder per E-Mail u police.portedusud@police.etat.lu ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO