An der Géigend vun engem SupermarchéPolice sicht no Déifstall zu Iechternach no Zeien
RTL Lëtzebuerg
E Freidegmoie géint 9.35 Auer krut d'Police an der Géigend vun engem Supermarché zu Iechternach an der Rue des Remparts en Déifstall gemellt.
Update: 09.12.2025 18:21
Deemno soll en Täter enger Affer de Portmonni geklaut hunn. Méiglech Zeie sollen den Iechternacher Kommissariat op der Nummer (+352) 244 72 1000 oder iwwer d'Mailadress police.echternach@police.etat.lu kontaktéieren.