AlzengPolice sicht no Zeien am Fall vun engem Autosaccident

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg, de 27. Januar 2020, koum et géint 7.15 Auer zu engem Verkéiersaccident zu Alzeng op der Route de Thionville.
© RTL-Grafik

3 Autoe waren hei am Coup. Dra verwéckelt war en Auto mat franséische Placken, deen no der Kollisioun fortgefuer ass.

Informatiounen iwwert dëst Gefier si fir d'Police ënnert der Nummer 244 80 4700.

Back to Top
CIM LOGO