KeelPolice sicht no Zeien no Brand vun engem Auto

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie géint 10.20 Auer huet e Won op engem Parking virun engem Gebai an der Rue du Fossé gebrannt.

De Won konnt vun de Pompjeeë geläscht ginn, blesséiert gouf keen, esou d’Police. Well awer Brandstëftung net ausgeschloss ka ginn, sicht d’Police elo no Zeien.

Leit, déi verdächteg Persounen oder Gefierer oder soss eppes gesinn hunn, dat am Moie vum 26. Oktober, solle sech bei der Police zu Keel um 244 64 1000 oder per E-Mail op police.kayldall@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO