Wie kennt dës Persounen?Police sicht Persounen, déi mat geklaute Kreditkaarten opgehuewen hunn

RTL Lëtzebuerg
Am Mäerz 2019 krut d'Affer an engem Geschäft d'Kaart geklaut, dono gouf op verschiddene Plazen dermadder opgehuewen.
© Police

Geklaut krut de Client vun engem Liewensmëttelgeschäft seng Kaart an der Lëtzebuerger Strooss zu Esch, dat nodeems eng onbekannte Fra a Begleedung vun hirem Kand e Mann ëm Geld gefrot hat.

© Police

Kuerz nodeems d'Kaart geklaut gouf, ass op verschiddene Bankomater Geld opgehuewe ginn, souwéi op Tankstellen zu Esch, Rodange an am Ausland mat der Bankkaart bezuelt ginn.

AN deem Kader freet d'Police no Zeien, déi eventuell Indicen zu de Persounen op der Foto hunn oder wëssen, wou sech d'Persoune kéinten ophalen. All Informatioun ass fir d'Escher Police um 244501000.

Back to Top
CIM LOGO