D'Abréch sinn erofgaangenPolice-Statistik iwwer d’Kriminalitéit

Diana Hoffmann
Lynn Cruchten
D’Abréch a bewunnten Haiser sinn zejoert ëm 23% zréckgaangen. An och an onbewunnte Gebaier, wéi Geschäfter oder Restaurante gouf et eng Baisse vu ronn 12%.
Policestatistiken 2020
Abréch sinn erofgaangen, Gewalt am Stot goung erop

Dëst ass méiglecherweis eng vun de positive Konsequenze vu Lockdown an Homeoffice.

Kriminalstatistik / Reportage Hoffmann

Bei Abréch an Appartementer gouf et zejoert eng staark Baisse, wei den Donat Donven, Directeur adjoint vun der Police bei der Präsentatioun vun de Statistiken iwwert d’Kriminalitéit erkläert. Par contre wier et awer eng Hausse vun Abréch a Kellere ginn. Et wiere virun allem vill Vëloe geklaut ginn. Wou am meeschten agebrach gëtt, do gëtt et  iwwerdeems  keng Ännerunge par Rapport zu de Jore virdrun.

Zu deene meeschten Abréch a bewunnten Haiser kënnt et an an ëm d’Staat, souwéi am Südweste vum Land. Do wunnen a schaffen awer och déi meeschte Leit. D’Gebidder laanscht d’Haaptachse sinn och méi betraff, wéi am ländlech Beräich. Professionell Tätergruppe géingen doriwwer eraus d’Proximitéit zu de Grenzen ausnotzen, fir no enger Dot séier an d’Ausland z'entwëschen.

Zejoert goufen et 7 Fäll an deenen net just an en Haus agebrach gouf, mä et och nach zu Gewalt koum. 5 Fäll dovu goufen opgekläert, an et huet sech erausgestallt, datt Täter a Victime e Lien zoueneen haten. 390 Abréch goufen zejoert opgekläert, déi allerdéngs deelweis bis ob 2012 zréckginn. 78 Leit goufen an deem Kontext verhaft, 153 identifizéiert.

D'Infraktiounen am Zesummenhang mat Droge sinn zejoert dann ëm 9 Prozent par Rapport zu 2019 geklommen, seet de Jean-Louis Bordet vun der Police Judiciaire. Dëst wier awer och dorop zréckzeféieren, datt méi Aarbecht um Terrain gemaach géif. An dësem Beräich géinge keng Plaintë gemaach ginn, wat heescht, wat ee méi géing kucken, wat ee méi géing gesinn, sou den Jean-Louis Bordet.

76 Enquêtë sinn de Moment en cours, 150 Persoune stinn dobäi am Viséier vun der Police.

Eng negativ Konsequenz vum Lockdown ass méiglecherweis awer, datt d‘Violence Domestique zejoert weider eropgaangen ass. Mat 943 Infraktioune goufen et 94 Fäll méi wéi d'Joer virdrun. An 278 Fäll gouf eng Expulsioun ausgeschwat, wat Plus vun 13 ass.

Quasi bei der Hallschent vun den Delikter zu Lëtzebuerg  handelt sech ëm Déifstall. Bei 20 Prozent koum eng Persoun zu Schued, wat liicht méi ass, wéi am Referenzjoer. Bei 83 Prozent vun de Fäll koum et awer net zu enger Incapacité de travail.

PDF: Déi komplett Presentatioun mat de Statistiken

Back to Top
CIM LOGO