
Géint 2 Auer ass e Chauffer op der Escher A4 ugehale ginn, deen a Richtung Esch op der Pannespuer ënnerwee war. Hien hat ze vill gedronk. Hie krut e Protokoll an de Führerschäin ewechgeholl.
Géint 4.30 Auer gouf en opfällegen Automobilist op der Aire de Berchem kontrolléiert. Am Auto gouf en Joint séchergestallt. Den Drogeschnelltest war positiv an de Mann krut ee Protokoll.