A ClausenPolicebeamtin gouf mat Fauscht op de Kapp geschloen

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg ass et an de Rives de Clausen héich hiergaangen. En Mann huet hei randaléiert an dobäi och net Halt virun de Poliziste gemaach.
© RTL-Archiv

D’Police war um Wee an d’Rives de Clausen, fir hei Kontrollen ze maachen, wéi op engem Busarrêt e Mann op sech opmierksam gemaach huet, andeems e wëll ronderëm gestikuléiert huet. Et stoungen e puer Persoune ronderëm hien an hu probéiert en ze berouegen, wat hinnen awer net gelongen ass.

De Mann huet ëmmer nees seng Bekannte vu sech ewech gestouss an ass zu engem Ament och an d’Strooss gelaf, wouropshin e Bus huet mussen eng Vollbremsung maachen.

Well hien e Verkéiersrisiko duergestallt huet, huet d’Police decidéiert de Mann vun der Strooss ze begleeden, wat deem awer net gefall huet. En huet sech gewiert a probéiert ronderëm sech ze schloen.

Doropshin hu sech seng Bekannten och nach agemëscht, wat net dozou bäigedroen huet, dass sech d’Situatioun berouegt huet. Eng weider Persoun gouf op d’Säit geholl, ma nach éier hei iwwerhaapt konnt e Gespréich entstoen, huet de Mann der Policebeamtin mat der Fauscht op de Kapp geschloen a se vernannt.

Béid Persoune goufen immobiliséiert, woubäi dunn och nach en anere Beamten eng mat der Fauscht erwëscht huet an d’Policebeamtin gouf e puer mol mat den Hoer gezunn.

Eréischt wou d’Police-Verstäerkung op der Plaz ukomm ass, konnt d’Situatioun berouegt ginn a béid Männer koume mat op de Policebüro.

Déi 2 Policebeamte koume fir eng Kontroll an d’Spidol.

Back to Top
CIM LOGO