Gemengen an der FlichtPolicereglementer reegelen de Pouvoir vu Pecherte mat

Diana Hoffmann
Pecherten hunn zanter dem Ufank vum Joer nei Kompetenzen, ma nach goufen net all déi néideg Upassungen an de Gemenge gemaach.
© RTL Archivbild

Bis elo hunn eréischt eng hallef Dose Gemengen hiert Policereglement ugepasst an och all déi Infraktiounen, déi vun den Agente kënne festgestallt ginn, doranner opgeholl. Dofir gouf elo Campagne gemaach, fir d’Buergermeeschter an d’Schäffen z’encouragéieren, dëst ze maachen.

Um präventive Volet hunn d’Agents municipaux zanter dësem Joer eng ganz Rei nei Kompetenze. Dëst féiert dozou, dass se am ëffentleche Raum present sinn an dem Bierger kënnen hëllefen, erkläert de Laurent Knauf, Premier Conseiller am Inneministère.

“Zum Beispill kënne si Éischt Hëllef leeschten. Si kënnen alen oder vulnerabele Persounen oder Schüler iwwert d’Strooss hëllefen. Se kënne Schied un ëffentlechen Installatiounen ophuelen an dëst am technesche Service vun der Gemeng mellen.”

Donieft gëtt et awer och e repressive Volet. Administrativ Sanktiounen erlaben et den Agenten, verschidden Incivilitéite mat enger Tax vu 25 Euro ze bestrofen. Doriwwer eraus kënne si fir penal Infraktiounen, déi am Gemengereglement festgehale sinn, e Procès verbal ausstellen. Ma net all Feelverhale ka scho sanktionéiert ginn. De Steve Hatto, vun der Association des Agents municipaux (ASAM):

“Wat elo d’Spezialgesetzer ubelaangt, do musse mer effektiv bei den Avertissements taxés nach waarde bis erausfonnt ginn ass, wéi eng Administratioun do de Backoffice mécht.”

Fir dass d’Pecherte verschidde Kompetenze kënnen a ganzem Mooss notzen, mussen d’Policereglementer vun de Gemengen ugepasst ginn. Bis elo hunn dat wéi gesot eréischt eng hallef Dose Gemenge gemaach. Dem Mierscher Buergermeeschter Michel Malherbe seng Gemeng war déi éischt, wou d’Reglement ugepasst gouf. Ma et erhofft ee sech och eng Géigeleeschtung:

“Ech géing mer wënschen, dass mer e grousse Budget géinge vum Staat kréien, well mer jo iergendwou uniforméiert Leit hunn, déi bei eis schaffen. Mer hate se net am Budget an hu se lo noutgedrongen dran. An ech wier frou, wann de Staat eis dobäi géing hëllefen, well mer huelen deem jo e bëssi Aarbecht vun der Police ewech.”

D’Gewerkschaft vun den Agents municipaux erhofft sech hirersäits, dass déi néideg Formatioune fir d’Personal gebuede ginn. Bei der penaler Prozedur géing et nämlech keen ongeféier méi ginn.

Back to Top
CIM LOGO