OGBL-NationalcomitéPolitesch mouvementéiert Zäite weise Wichtegkeet vu staarker Gewerkschaft

Lynn Cruchten
Den OGBL hat an de leschte Méint masseg Aarbecht an déi politesch mouvementéiert Zäiten hu gewisen, wéi wichteg eng staark Gewerkschaft ass.
OGBL-Nationalcomité: Wichtegkeet vu staarker Gewerkschaft
Den OGBL hat an de leschte Méint masseg Aarbecht an déi politesch mouvementéiert Zäiten hu gewisen, wéi wichteg eng staark Gewerkschaft ass.

Dat ass eng vun de Conclusiounen, déi den onofhängege Gewerkschaftsbond gezunn huet, wéi den Nationalcomité elo eng leschte Kéier virun der Summervakanz zesumme war.

Nationalcomite OGBL / Reportage Dany Rasqué

Besonnesch déi lescht Tripartite wier kruzial gewiescht, well d’Sozialpartner eng ganz Rei Mesuren decidéiert hätten, déi direkt déi Leit concernéieren, déi den OGBL vertrëtt. D’Presidentin vum onofhängege Gewerkschaftsbond erënnert u wichteg Elementer aus dem Solidaritéitspak 3.0 an nennt ënner anerem d’Upassung vum Steierbarême un d’Inflatioun.

Dat wier e wichtegen Duerchbroch gewiescht, zemools well virun der Tripartite vu politeschem Harakiri geschwat gouf an esou eng Upassung net méiglech sollt sinn. Déi 2,5 Indextranchen, déi adaptéiert ginn, wiere wichteg, mä domadder gëtt den OGBL sech net zefridden. Et stinn nach 5 an eng Hallef Tranchen op an dono wier en Automatismus néideg, seet d’Presidentin Nora Back.

“Dat hu mer och an der Tripartite scho gefuerdert, fir dass mir net allkéiers musse streide goen, wann eng Indextranche erfält. Et ass en Index-Klau a mir verdeedegen den Index fir den Erhalt vun der Kafkraaft.”

Den Nationalcomité vum OGBL huet och iwwert eng Reform vum Pensiounssystem diskutéiert, déi d’Patronat fuerdert. Datt d’Land 2070 an eng Rentemauer kéint rennen, wier schwaarz Molerei a Projektiounen iwwer 50 Joer kéint ee souwisou net maachen.

“Dat ass jo einfach ze veranschaulechen. Wa mer eis virstellen, 1973 hätt ee gesot, wéi et am Joer 2023 ausgesäit, da wësse mer jo, datt deen total donieft geleeën hätt. Eleng déi lescht 3 Joer mat Covid-Pandemie a Krich an Europa, Energiekris an Handelskonflikter missten eis weisen, datt et ganz schwiereg ass, wéi d’Situatioun sech iwwert esou eng laang Zäit entwéckelt.”

E Secteur, wou d’Situatioun och méi katastrophal duergestallt gëtt, wéi se wier, wier de Bausecteur, seet d’Nora Back.

“De Bau ass net just de Logement. De Bau ass och de Stroossebau oder de Génie civil, wou et awer weider boomt a wou Joren a Jore Beneficer gemaach gi sinn an um Kollektivvertrag laang näischt gemaach ginn ass fir d’Leit, déi do d’Staang riicht gehalen un an dee Räichtum an deem Secteur mat erschaaft hunn. Mir sinn elo a schwierege Kollektivvertragsverhandlungen.”

An der Gewerkschaft wier een op alle Fall prett a mobiliséiert, fir datt et zu engem Accord kënnt, esou d’Nora Back. D’Patronat misst sech awer op eng raisonnabel Léisung aloossen.

Back to Top
CIM LOGO