Ëmwelt a KlimaPolitescht Engagement méi wichteg wéi private Verzicht?

Claudia Kollwelter
Den Dilemma wier datt d'Menace vun der Klimakatastroph fir vill Leit ze abstrakt ass an awer muss elo agéiert ginn, sou de Wëssenschaftler Michael Kopatz.

"Et ass d'Aufgab vun der Politik datt d'Konsumenten net permanent d'Gefill hunn mussen déi richteg Decisioun ze huelen" dat seet den däitschen Ëmweltwëssenschaftler a Soziolog Michael Kopatz. An sengem zweete Buch mam Titel "Schluss mit der Ökomoral -  Wie wir die Welt retten, ohne ständig daran zu denken" erkläert hien datt d'politescht Engagement méi wichteg ass wéi de private Verzicht. Op Invitatioun vum Mouvement écologique war hien dës Woch zu Lëtzebuerg.

Michael Kopatz am Interview - Rep. Claudia Kollwelter

Appeller un d'Moral vun de Leit oder apokalyptesch Warnungen maachen nëmme schlecht Stëmmung, änneren awer näischt un eise Gewunnechten, seet de Michael Kopatz. A sengen Aen ass kloer d'Politik gefuerdert - net fir Saachen ze verbidden, mä fir intelligent Standarden a Limitten ze sëtzen:"Standarts sind was Gutes. Höhere Standarts für PKW, wéinger CO2 sind höhere Standarts, mehr Qualität. Und Limits sind absolute Grenzen. Zum Beispiel für die Fliegerei. Dafür brauch es keinerlei Verbot. Die Bundesregierung bei uns, müsste einfach nichts tun, keine weitere Slots vergeben für Start und Landung. Dann wäre mein Limitt automatisch umgesetzt. Das wäre das mindeste was Politik tun müsste, damit der Flugverkehr nicht zunimmt. Man muss es einfrieren."

Dobäi kënnt datt d'Leit d'Gefill hunn datt et näischt bréngt wann si eleng op eppes verzichten, mee och d'Publicitéit féiert dozou datt de Mënsch mengt e misst Saache kafen déi e guer net brauch. Et géing eis immens schwéier fale Saachen ze maachen obscho mer wëssen datt se richteg sinn. Politik a Konsument si gefuerdert:"Produkte die im Supermarkt verkauft werden sollen nach und nach nachhaltiger werden, ohne dass der Konsument sich für das Richtige entscheiden muss. Die Rolle des Konsumenten, des Bürgers ändert sich. Er muss dafür sorgen dass genau diese politesche Veränderungen stattfinden. Wir müssen auf die Strasse gehen, und für die Veränderung kämpfen."

Kloer wier datt ee Reegelen an eiser Gesellschaft brauch fir kënnen mateneen ëmzegoen an z'existéieren. De Michael Koplatz nennt d'Beispill vum sech ustrécken am Auto:"Dafür gab es mal ein Gesetz. Die Leute haben sich nicht freiwillig angegurtet, die waren dagegen. Dann gab es ein Busgeld, und dann haben die Menschen angefangen sich anzuschnallen. Heute denkt niemand darüber nach, es ist unhinterfragt, es ist ein Standart geworden, die Routine hat sich geändert."

Den Dilemma wier datt d'Menace vun der Klimakatastroph fir vill Leit ze abstrakt wier an awer misst elo séier agéiert ginn, seet de Michael Kopatz.

Back to Top
CIM LOGO