Bis e Mëttwoch wier kee Projet vun der Santé ofgeseent ginn, och net deen éischte mam 200m2 groussen Ëmweltspidol. Dat sot d’Gesondheetsministesch am RTL-Interview.
“Déi ambulant Offer gëtt um stationären Niveau vun engem nationale Service vun der Ëmweltmedezin verstäerkt, fir Patienten och am Spidol kënnen ze behandelen (“clean rooms”).”, esou steet et op der Säit 102 am Koalitiounsaccord vun 2018 ze liesen.
2019 hate souwuel de Chem wéi och d’Hôpitaux Robert Schuman sech drëm beméit, vun der Santé den Zouschlag fir dësen nationale Service vun der Ëmweltmedezin ze kréien. Den Optrag goung schlussendlech un d’Escher Spidol.
De fréiere Generaldirekter Dr Reimer hat deemools de Projet vun enger 200m2 grousser Ëmweltklinik am Südspidol ausgeschafft. Dës sollt fräi si vu potentielle Schuedstoffer, déi schwéierkrank Ëmweltpatiente belaaschte kéinten. 2 Spidolszëmmere waren dra virgesinn a 6 ambulant Therapie-Plazen.
Am RTL-Interview seet d’Gesondheetsministesch, si hätt dee Projet awer pandemiebedingt ni virgestallt kritt. Deemno wier de Projet och ni ofgeseent ginn. Den neie Chem-Generaldirekter Dr René Metz wier lo am gaangen, en neit Konzept auszeschaffen. Deemno kéint een hei och just vun engem Avant-projet schwätzen. Dëse soll der Santé am Summer presentéiert ginn. Et wier normal, datt et am Ufank Divergenze géifen, do misst ee lo drop schaffen, seet d’Paulette Lenert. Souwuel de Chem, wéi och d’Ëmweltmedezinner hätten och schonn eng Entrevue bei hir ugefrot. Der Demande wëll d’Paulette Lenert och esoubal wéi méiglech nokommen. De Projet léich hir ganz staark um Häerz.
Hält d’Gesondheetsministesch awer un de “clean rooms” aus dem Koalitiounsaccord fest?
“Also ech halen net um Buschtaf vun engem Regierungsprogramm fest, dat ass jo net e Konzept, dee viséiert war, dee bis an de leschten Detail duerchdeklinéiert war. Ech hunn och gëscht net verstanen, datt déi Iddi vun de clean rooms ganz vum Dësch sollt sinn.”, äntwert d’Paulette Lenert.
Fir de gréngen Deputéierte Marc Hansen iwwerdeems ass et ganz kloer, datt de Koalitiounsaccord muss agehale ginn. 2020 hätt scho sollen eng provisoresch Struktur vum Ëmweltspidol op Nidderkuer kommen. Dat wär net geschitt, elo soll de Projet ganz ofgeblose ginn. Dat kéim fir déi gréng net a Fro.
Komplett aner Aschätzung vum Jean-Marie Halsdorf. Den CSV-Deputéierte begréisst, datt de Chem-Direkter am November all d’Acteuren un en Dësch bruecht hätt, fir vu Grond op en ëmweltmedezinescht Konzept auszeschaffen.
Ganz bedenklech fënnt de Pirat Sven Clement et, datt déi geplangten Zëmmere fir Ëmweltpatienten vum neie Chem-Direkter a Fro gestallt ginn. Hei géif mat der Gesondheet vu Leit gespillt ginn, déi sech scho reegelméisseg net eescht geholl fille géifen.
Mëtt Mee soll de Projet vum Nationale Service vun der Ëmweltmedezin am Chem fäerdeg sinn.
RTL-News: Vernetzen, net plangen - Neie Generaldirekter vum Chem wëll den Ament keng Ëmweltklinik