Lëtzebuerger Infektiolog zu New York"Politiker mussen iwwer Impfflicht entscheeden"

RTL Lëtzebuerg
Zu New York gesäit et elo aus, wéi wann de Pic vun den Infektiounen erreecht wär.
Lëtzebuerger Infektiolog zu New York am Interview
“Politiker mussen iwwer Impfflicht entscheeden”.

Mir hu mat engem Lëtzebuerger Immunolog geschwat a gefrot, wéi hien déi aktuell Situatioun aschätzt. Den Dr.Thierry Rolling kuckt optimistesch op déi nächst Méint.

D’Omikron-Variant huet d’USA fest am Grëff. D’Infektiounszuele klamme massiv. Op ville Plaze kritt ee weder Masken, nach Schnelltester ze kafen. An der aktueller Omikron-Well mussen hei virun allem net-geimpfte Persounen an d’Spidol. De Lëtzebuerger Thierry Rolling lieft a schafft zu New York. Bei geimpfte Persoune géif ee ganz däitlech gesinn, datt Omikron manner geféierlech wier, esou den Infektiolog. De Problem wier awer, datt bei den héijen Infektiounszuelen trotz allem d’Spideeler belaascht ginn.

“Et gëtt e Virus, deen ëmmer do ass”

Aus der Wëssenschaft heescht et, datt mer elo vun der Pandemie an en endemeschen Zoustand kommen.

Den Dr Thierry Rolling: “Et gëtt e Virus, deen ëmmer do ass, dee mer warscheinlech all Wanter wäerten hunn, wou awer déi meescht Leit e Schnapp oder eng schwéier Erkältung hunn an net an d’Spidol mussen oder verstierwen. Et wäert awer esou sinn, datt, wann en endemesch gëtt, Leit, déi immunsuppriméiert sinn, och schwéier Verleef hunn. Dat wäerte mer leider net méi lass ginn.

Datt mer elo an där Situatioun sinn, wier den Impfstoffer ze verdanken. Et gesäit een, datt a Länner, wou et en héijen Impftaux gëtt, manner Mënsche schwéier u Covid erkranken. Wéi dacks een nach geimpft gëtt, kéint een elo net soen.

Zu Lëtzebuerg sinn d’Parteien am Gaang, sech zu enger méiglecher Impfflicht ze positionéieren. D’Regierung erwaart sech vun engem Expertegrupp aus 5 Medezinner a Wëssenschaftler eng kloer Äntwert op d’Fro, ob Lëtzebuerg eng Impfflicht brauch. Aus medezinescher Siicht kéint ee soen, datt, wa jidderee geimpft wier, een déi aktuell Problemer net hätt, esou den Dr Rolling. Eng Impfflicht wier allerdéngs eng politesch Decisioun.

Zréck an Europa

Den Thierry Rolling verléisst am Laf vum Joer d’USA a kennt zréck an Europa. De Lëtzebuerger wiesselt an d’Impfstoff-Fuerschung, allerdéngs wäert en net un de Corona-Vaccine schaffen.

Back to Top
CIM LOGO