CGDISPompjeeë wéinst 2 Bränn am Asaz, eng Persoun gouf verwonnt

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg géint 3.15 Auer stoung zu Uespelt an der Garer Strooss e Chalet e Flamen. Eng Persoun koum hei net zu Schued.
An der Nuecht op e Méindeg huet zu Uespelt e Chalet gebrannt
Et gouf kee blesséiert

De Chalet gouf an der Zäit vun der lokaler Jeunesse genotzt a wier elo fräigi gewiescht, fir demoléiert ze ginn, esou e Vertrieder vun der Fréisenger Gemeng op Nofro hin. Et war net den éischte Brand an deem Chalet. Am Asaz waren d’Pompjeeë vun Uespelt, Fréiseng a Munneref, grad ewéi d’Ambulanz vun Diddeleng.

Wéi d’Police iwwerdeems e Méindeg den Owend matdeelt, kéint Brandstëftung an dësem Fall net ausgeschloss ginn. déi zoustänneg Sektioun vun der Police an de Parquet waren op der Plaz an d’Ermëttlunge lafen.

De SAMU huet missen an den Asaz wéinst engem Feier an der Mensder Strooss zu Iwwersiren. Eng Persoun komm mat enger liichter Dampvergëftung an d’Spidol. D’Pompjeeë vun Nidderaanwen, Mensder an der Stad waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO