RIP Nelly MoiaPortrait vun enger Ikon vun de Fraerechter zu Lëtzebuerg

Monique Kater
D’Nelly Moia gouf duerch hir nawell schaarf Beiträg an der Lëtzebuerger Press zum Thema Fraerechter, Déiereschutz a Kathoulesch Kierch bekannt.
D'Nelly Moia, Ikon vun de Fraerechter, stierft am Alter vu 87 Joer
D’Nelly Moia gouf duerch hir nawell schaarf Beiträg an der Lëtzebuerger Press zum Thema Fraerechter, Déiereschutz a Kathoulesch Kierch bekannt.

Déi lescht Joren huet d’Professesch fir Sproochen a Konscht sech virun allem mat der Verschleierung vun de Fraen am Islam ausernee gesat. Déi engagéiert Feministin a Publizistin huet Bicher geschriwwen, déi Traditiounen ausernee geholl hunn a mam Fanger op d’Problemer vun der Fra an der Lëtzebuerger Gesellschaft gewisen.

Si stoung Säit u Säit mat enger Marie-Paule Molitor-Peffer a spéider huet si sech zesumme mam Danielle Igniti fir d’Fraerechter agesat. Dës war effektiv hir Schülerin am Escher Meedercherslycée, erënnert sech ganz genee un de Charisma vun hirer Proff, déi si, wat Feminismus ugeet, gepräägt huet.

«Für die Frauen», «Für die Katz» oder och «Géint d’Pafen» sinn hir Wierker, grad wéi «Mascarons de Luxembourg», an deem d’Duechter vun engem Entrepreneur sech d’Fassade vun de Bauten am Land ukuckt an hir historesch a mythologesch Hannergrënn erkläert. Déi gebierteg Escher war extrem frou mat hirer Stad an huet sech géint d’Zerstéierung vum Patrimoine gewiert. Hiert Buch wëllt och op d’Schéinheet vun de Gebaier an op hir gesellschaftspolitesch Geschicht opmierksam maachen. Eng kleng Anekdot: nodeems d’Nelly Moia eng gefillten Éiwegkeet mam Fotoapparat am Land ënnerwee war an zu Dikrech e Päerdskapp un enger Fassad entdeckt hat, fënnt si dat laang-gesicht Géigestéck – “d’Rëmelenger Rëndvéi” – iwwert der Entrée vum Schluechthaus.

Link: Säiten 9 an 10 am “Mascarons de Luxembourg”

Gewiert huet si sech och géint d’Verschandele vun der Natur – engersäits sollt ee Parken uleeën, amplaz all eenzel gréng Parzell zouzebetonéieren; mee et dierft een och d’Natur baussent de Stied net zerstéieren – am Reportage weise mer der Nelly Moia hir Aktioun géint en Tipp zu Käl, deen um Enn dann och zougemaach ginn ass.

D’Nelly Moia zielt och zu enger vun de «Pionéierfraen am Lëtzebuerger Journalismus», déi 2017 an enger Ausstellung mat deem Titel, am Literaturzenter zu Miersch an an der Stater Cité Bibliothéik presentéiert goufen.

An eisem Portrait loosse mer d’Journalisten Danièle Fonck an Alvin Sold vum Tageblatt zu Wuert kommen. Et wier virkomm, dass Artikelen net hätte kënne publizéiert ginn – fir enger eventueller Plainte géint d’Zeitung oder d’Nelly Moia selwer z’evitéieren, sou déi Responsabel vun der Dageszeitung. Den Alvin Sold lueft d’Aktivistin fir Fraerechter awer a fënnt si hätt definitiv hir Plaz an der Geschicht vu Lëtzebuerg verdéngt – d’Nelly Moia wier mat responsabel fir d’Decisioun vun der Regierung Thorn, déi d’Avortementsgesetz geännert huet.

Mam Cécile Paulus vun der Libco, der ASBL Liberté de Conscience, huet si ganz schaarf géint d’Kierch zu Lëtzebuerg mobiliséiert. Schonn eleng duerch hir sëlleche Kontakter hätt d’Nelly Moia villes bewierkt, erzielt si. Duerch d’Liese vum Buch “Géint d’Pafen” versteet een, dass d’Kierch mat responsabel wier, fir déi deemoleg Situatioun vun der Fra an der Gesellschaft.

D’Déierewuel bleift hir bis zum Schluss och e grousst Uleies. “Dogs of my life” stoung op engem Stapel Enveloppë mat Fotoe vun hirem éischten Mupp, bis bei dee leschte “Clown” an hirem Liewen.

D’Nelly Moia stierft de 24. Februar 2025 am Alter vu 87 Joer zu Esch.

Back to Top
CIM LOGO