Klima-Bündnis LëtzebuergPräis fir Emissioune muss ofschreckend Wierkung kréien

RTL Lëtzebuerg
D'Klima-Bündnis Lëtzebuerg stellt eng Partie Revendicatiounen un déi nei Regierung.
© AFP/Archiv/Daniel ROLAND

Ënnert anerem soll déi schwaarz-blo Koalitioun nei national Ziler definéieren, fir den CO2 ze reduzéieren. Déi 55 Prozent Reduktioun bis 2030 aus dem Klima- an Energie-Plang PNEC géingen net duergoen. Emissioune missten e Präis kréien, deen erféieren deet. De Klimaschutz misst dréngend als eng vun de Kär-Aufgabe vun de Gemengen definéiert ginn a misst deemno och gréisstendeels op regionalem an nationalem Niveau bedriwwe ginn. Den Undeel vun erneierbaren Energië misst bis 2030 op 50 Prozent eropgoen. Ënner anerem dat verlaangt d’Plattform.

D’Detailer vun de Fuerderunge fannt Dir am Communiqué vum Klima-Bündnis Lëtzebuerg.

PDF: Communiqué Klima-Bündnis Lëtzebuerg (DE)

Back to Top
CIM LOGO