LogementPräisschwankunge sinn normal - dës Kéier awer e bëssen anescht

Diana Hoffmann
D’éischt Kéier zanter laangem fale Präisser am Logement. Mëtt Zejoert huet sech de Mouvement acceleréiert, schreiwe Statec an Observatoire de l’Habitat.
© pexels.com

Am Resumé sinn d’Präisser vun Haiser an Appartementer an de leschten 12 Méint ëm 6,4 Prozent gefall. Schwankungen um Marché wiere keng Raritéit an awer gesäit déi rezent Präisentwécklung an de leschte fënnef Joer anescht aus.

Miwweléiert Zëmmer

Ëmmer nach héich Präisser an héich Zënse suerge fir Onsécherheet um Logementsmarché. Dat huet och Auswierkunge fir d’Leit, déi loune wëllen oder mussen. An de leschten 12 Méint goungen d’Loyeren ëm 6,7 Prozent an d’Luucht. Den Ament hu se sech stabiliséiert, sou den Observatoire de l’Habitat.

D’Locatioun vu miwweléierten Zëmmer - also Kaffiszëmmer oder fir Wunngemeinschaften - geet schonn zanter 10 Joer an d’Luucht an huet zejoert 11,6 Prozent vun allen Annoncen, fir Wunnraum ze lounen, ausgemaach. De Präis fir d’Locatioun an dësem Beräich ass an de leschten 12 Joer ëm 76,5 Prozent an d’Luucht gaangen, wärend déi traditionell Loyere fir Appartementer ëm 59,4 Prozent erop gaange sinn. An de leschten zwee Joer géing een och ëmmer méi gesinn, dass miwweléiert Zëmmer a Residenzen ugebuede ginn, déi och Servicer offréieren, fir eng méi räich Clientèle.

Zanter 1975 ëmmer nees Periode vu Wäertgewënn a Réckgäng

An da gouf nach eng weider Etüd vum Observatoire de l’Habitat gemaach, wou d’Präisser vum Wunnengsmaart iwwer laang eng Zäit vun 1975 u gekuckt goufen.

Logement Historique

D’Etüd weist, dass et an de leschte 50 Joer véier Episode goufen, wou d’Präisser vum Logement staark geklomme sinn, an et dono och Baissë goufen.

Déi éischt Period vun der Hausse vun de Logementspräisser gouf duerch déi zwou Pëtrolskrise gebremst. Virdru waren d’Präisser zum Beispill vun 1975 op 1976 ëm bal 20 Prozent geklommen.

Déi nächst laang Period vun der Hausse vun de Präisser wärend aacht Joer war Mëtt 80er bis Ufank der 90er Joren. Eng gutt Ekonomie an den doduerch provozéierte Wuesstem vun der Populatioun waren de Grond. D’Zënstauxe louchen deemools tëscht 6,50 an 8,25 Prozent. Eng international Wirtschaftskris huet hei de Marché gebremst.

Ufank 2000 goung et awer weider aacht Joer laang biergop mat de Präisser bis zu der Finanzkris 2008.

Net laang huet dës Baisse awer gedauert, bis et vun 2010 bis rezent 13 Joer laang nees mat de Präisser staark an d’Luucht gaangen ass. Laang Joren hunn déi historesch niddreg Zënsen de Wuesstem mat gefuerdert. Ma zanter dësem Joer ass eng Baisse ze observéieren.

Zykle bei de Präisser um Logementsmarché si keng Raritéit. Schwéier ze erklären, wier awer déi staark Acceleratioun vun der Augmentatioun an de leschte fënnef Joer. D’Ekonomie an den domat verbonnene Populatiounswuesstem eleng géingen dat net erklären.

Hypotheese sinn, dass den Investissement an de Stee fir traditionell Investisseuren interessant war. Awer och ëmmer méi institutionell Investisseure wiere komm. Zousätzlech kéint de Brexit dozou gefouert hunn, dass plëtzlech eng 100 Logementer méi gefrot waren. Dass zanter 2000 de Chiffer vun neie Logementer just liicht an d’Luucht gaangen ass, huet da fir de Recht gesuergt.

Back to Top
CIM LOGO