Virowend vum WalsonndegPreparativen an de Walbüroe lafen

Maxime Gillen
Christophe Hochard
Um Samschdeg lafen a méi wéi 700 Walbüroen uechter d'Land d'Preparative fir e Sonndeg op Héichtouren.
Virowend vum Walsonndeg: Preparativen an de Walbüroe lafen
Um Samschdeg lafen a méi wéi 700 Walbüroen uechter d’Land d’Preparative fir e Sonndeg op Héichtouren.

Engersäits mussen natierlech Walkabinnen opgestallt ginn, wourëms sech d‘Gemenge-Servicer këmmeren. Anerersäits ginn awer och schonn d’Walziedelen un d’Presidente vun de verschiddene Büroen verdeelt. D’Maxime Gillen huet mat engem vun hinnen iwwert dës Aufgab geschwat.

Preparativen an de Walbüroen - De Reportage vum Maxime Gillen

De Leon Weber ass scho 40 Joer laang President vum Alzenger Walbüro. An hien ass esou begeeschtert bei der Saach, wéi den éischten Dag. Och wann de Waldag selwer nawell ustrengend ass an d’Sich no Benevoller fir déi verschidden Aufgaben am Büro, a sengen Aen, ëmmer méi schwiereg gëtt. „Wéi ech dat virun 30, 40 Joer fir d‘éischt gemaach hunn, dat war nach eng Éierenaufgab fir an engem Walbüro derbäi ze sinn. Haut ass et ganz schwéier fir nach Mënschen ze fannen, déi dat wëlle maachen.“

Bis ewell ass et him awer nach ëmmer gelongen eng gutt Ekipp zesummenzestellen.

„Dat ass en agespillten Team. Ech hu Leit derbäi, déi scho säit éiweg derbäi sinn. Mä ech probéieren awer och ëmmer, bei all Wal och Jonker, Neier derbäi ze huelen, fir dass déi déi Aarbecht kenneléieren, dass déi mol eng Kéier iwwerhuelen, wa mir et net méi maachen.“

Och d’Wieler hunn iwwert d’Zäit changéiert, esou de Leon Weber.

„Viru ville Joren huet een déi Wieler, déi bei een an de Büro komm sinn, jo och kannt. Haut muss ee schonn och d‘Carte d‘identité oder de Pass froen, fir ze wëssen, wien et ass. Well haut mat der Populatioun jo och villes an de Gemengen changéiert. Dat ass net méi esou einfach wéi fréier.“

Allgemeng kommen dës Kéier awer manner Leit perséinlech am Walbüro laanscht. Ronn ee Véierel vun de Wieler huet seng Stëmme scho per Bréif ofginn.

Fir d‘Stëmmen ze zielen huet all Büro seng eegen Technik.

„Bei mir maache mir et ëmmer esou, mir falen d‘Stëmmziedelen op a mir maache Kéip. Fir d‘éischt gi mol gekuckt déi da wäiss sinn oder ongülteg. An dann déi gülteg sinn, fir dat da méi einfach ze maachen, maache mir da Kéip. Bei 10 Parteie maache mir 10 Kéip, wou d‘Lëschte gestëmmt sinn. Déi hu mir da scho getrennt. Eng zweet Rei maache mir dann mat Wieler, déi nëmmen op enger Lëscht gekräizt hunn. Leeë mir och da pro Partei. Jo an deen drëtte Koup sinn déi, déi quer duerch den bunten Gemüdegarten wielen, déi da vun A bis Z wielen.“

D’Zuel vun de Lëschtestëmmen ass bei de leschte Walen geklommen. Dat mécht dem Leon Weber a senger Ekipp hir Aarbecht awer méi einfach an de Büro ass méi séier ausgezielt.

Link: Fannt hei den RTL-Walsite fir d’Chamberwalen.


LINK: De ganzen Dossier vun den Nationalwalen

Back to Top
CIM LOGO