155 amplaz erlaabten 90 km/hPresséierte Chauffer krut tëscht Bous an Éiter de Permis ewech geholl
Wéi d'Police mellt, war e Chauffer en Donneschdeg den Owend e bësse méi schëtzeg op der N28 ënnerwee, wéi hien an eng Vitesskontroll geroden ass.
Den Automobilist war mat 155 Stonnekilometer gemooss ginn, wou der 90 erlaabt sinn. Hie krut nach op der Plaz e Fuerverbuet ausgestallt an e Protokoll.