Bouneweg a Garer QuartierPresuméiert Drogendealer goufe festgeholl
En Dënschdeg am spéiden Nomëtteg gouf zu Bouneweg an am Garer Quartier an der Stad jeeweils ee presuméierten Drogendealer ermëttelt a festgeholl.
Bei hinne goufen Drogen, Boergeld a weider relevant Géigestänn fonnt a saiséiert. Ee vun de Verdächtegen hat och Drogen ofgeschléckt. Béid Männer koumen e Mëttwoch de Moie virun den Untersuchungsriichter.