Zeienopruff opgehuewenPresuméierten Abriecher flücht aus dem Policekommissariat Déifferdeng
RTL Lëtzebuerg
En Donneschdegmoie géint 4 konnt sech e presuméierten Abriecher duerch d'Bascht maachen, andeems en zur Fënster vum Policekommissariat erausgesprongen ass.
Update: 10.12.2025 11:37
Bei der Flucht ass kengem eppes geschitt. D'Police hat en Zeienopruff lancéiert, dee sech awer kuerz drop erleedegt hat. Eng zivil Policepatrull konnt de Mann géint 6 Auer bei engem Busarrêt zu Déifferdeng festhuelen.