IechternachPresuméierten Abriecher gouf festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend war der Police en Abroch an e Gemengenatelier an der Route de Wasserbillig zu Iechternach gemellt ginn.

Wéi d’Beamten op d’Plaz koumen, hu si eng verdächteg Persoun begéint, déi staark alkoholiséiert war. Doropshin hu si de Mann mat op de Policebüro geholl. Bei der Kierperkontroll goufe Déidungsmëttel séchergestallt.

D’Spueresécherung gouf iwwerdeems op d’Plaz vun der Dot geschéckt.

Back to Top
CIM LOGO