Police melltPresuméierten Abriecher war wuel liicht midd

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg géint 9.30 Auer gouf d'Police wéinst engem Abroch op Hollerech geruff. De presuméierten Abriecher war nach an der Wunneng an huet do geschlof.

D’Police huet de Mann op Uerder vum Parquet festgeholl an en hat nach de selwechten Dag Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Eng Stonn méi fréi gouf d’Police alarméiert, well an engem Buttek um Lampertsbierg en Déifstall gemellt gouf. Den Täter gouf vu Mataarbechter zur Ried gestallt an huet sech doropshin duerch d’Bascht gemaach. Eng Policepatrull konnt de presuméierten Déif kuerz drop ermëttelen an en hat och déi geklaute Saache bei sech.

Back to Top
CIM LOGO