
Wéi de Mann d’Beamte gesinn huet, ass hie virun dëse fortgelaf. D’Poliziste konnten hien awer no enger kuerzer Poursuite stoppen.
De Mann gouf doropshi mat op de Policebüro geholl. Hei hunn d’Beamte 57 Tuten, an deenen insgesamt 300 Gramm Cannabis waren, bei him séchergestallt. Ausserdeem hat hie 5 Handyen a 707 Euro Boergeld bei sech. Wärend senger Flucht hat de Mann iwwerdeems 16 Plombe mat Kokain a weider 22 Gramm Cannabis ewechgehäit.
De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter. Dësen huet en Haftbefeel géint hie verhaangen.
