
Géint 18.15 Auer ass enger Patrull op der Rocade de Bonnevoie e Chauffer wéinst sengem Fuerstil opgefall. Den Alkoholtest bei der spéiderer Kontroll war positiv an de Permis gouf agezunn.
Eng gutt Stonn méi spéit ass en Automobilist trotz Verbuetsschëld op d'Place de la Gare gefuer, do ronderëm gefuer an ass dunn einfach stoe bliwwen. D'Beamten hu festgestallt, dass souwuel de Fuerer wéi och de Bäifuerer ze vill gedronk haten. Dem Mann hannert dem Steier war et net méiglech, en Alkoholtest ze maachen an all aner Tester huet dëse refuséiert. D'Äntwert vun de Poliziste war e Fuerverbuet. Doropshi wier de Mann ausgeflippt, schreift d'Police. De Chauffer a säi Kolleeg hunn d'Beamten attackéiert. Déi 2 goufen immobiliséiert an hu sech duerno dierften an enger Ausniichterungszell berouegen.
An der Stater Rue F.W Raiffaisen koum et géint 20.25 Auer zu engem Accident. En Automobilist war hei an eng Mauer gerannt, nodeems hien d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer hat. Hie gouf net blesséiert, stoung awer ënner Alkoholafloss. En Test war positiv, de Fürerschäi gouf agezunn an donieft nach e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.
Géint 20 Auer e Sonndeg den Owend war eng Patrull Zeie vun engem Drogendeal an der Avenue de la Liberté. D'Beamte konnten ee Keefer nach op der Plaz stellen, deen der Police och direkt d'Wuer iwwerreecht huet, eng weider Keeferin konnt kuerz drop gepëtzt ginn. Si war do schonn an enger Garagenafaart amgaang, d'Wuer ze benotzen. D'Droge wéi och d'Accessoirë goufe séchergestallt.
Um Enn konnt och de presuméierten Dealer ermëttelt ginn. De Verdächtege konnt sech nach lassrappen, wéi d'Police him wollt d'Handschellen uleeën, gouf awer kuerz drop nees agefaangen. Bei der Perquisitioun konnt eng gréisser Zomm Boergeld an en Telefon séchergestallt ginn. Op Uerder vum Parquet koum de Mann e Méindeg de Moie virun den Untersuchungsriichter. Hie koum kuerz drop och op Schraasseg,