Garer QuartierPresuméierten Drogendealer an 2 Clienten in flagranti erwëscht

RTL Lëtzebuerg
Bei béide Keefer gouf jeeweils eng Kugel Kokain séchergestallt.
© RTL-Archiv

Ee vun hinnen hat iwwerdeems en illegaalt Messer dobäi. Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierte Verkeefer en Donneschdeg de Mëtteg festgeholl. Am Kader vun enger medezinescher Untersuchung goufe 26 Kugele Kokain fonnt.

D'Drogen, eng verbuede Waff, Boergeld an en Handy goufe saiséiert. De presuméierten Dealer hat e Freideg de Moie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter. Et gouf eng Plainte géint déi aner 2 Persoune gemaach.

Back to Top
CIM LOGO