Stater GarePresuméierten Drogendealer festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Ënnert dem Stréch konnte 74 Kugele Kokain, e puer Handyen an eng gréisser Zomm Sue confisquéiert ginn.
© Police

E puer Policebeamte vum Garer Kommissariat hunn en Donneschdeg de Mëtteg eng Kontroll op der Passerelle iwwer de Gleiser vun der Gare duerchgefouert.

Well een d'Info hat, datt do géifen Droge verkaaft ginn, an och eng konkret Beschreiwung vum presuméierten Täter virlouch, gouf de Beräich ëmstallt.

Aus der Distanz hunn d'Beamte beobacht, wéi en Drogendeal tëscht zwou Persoune virbereet gouf. Fir ze verhënneren, datt sech de Verkeefer an de Keefer duerch d'Bascht géife maachen, sinn d'Beamten intervenéiert, nach éier d'Drogen iwwergi konnte ginn.

Wéi de presuméierte Verkeefer duerchsicht gouf, hunn d'Beamte 74 Kugele Kokain, e puer Handyen an eng gréisser Geldzomm fonnt.

De Parquet gouf informéiert an huet de Mann festhuele gelooss. E koum e Freideg virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO