32 Kugele Kokain an Heroin saiséiertPresuméierten Drogendealer op der Gare festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch am Nomëtteg gouf eng Police-Patrull op der Place de la Gare an der Stad op ee Mann opmierksam.
© Police Luxembourg

Wou d’Beamten de Mann géint 17 Auer ugeschwat hunn, gouf deen ëmmer méi nervös, bis e letztendlech probéiert huet, fortzelafen.

D’Beamte waren allerdéngs séier hannendrun an hunn de presuméierten Drogendealer gestallt. Bei enger Kierperduerchsichung hu si 32 Kugele Kokain an Heroin séchergestallt ginn.

D’Drogen, genee wéi een Handy a Boergeld, goufen op Uerder vum Parquet saiséiert an de Verdächtege gouf festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO