An och verschidde Gebaier si faarweg beliicht ginn. D’Luxembourg Pride Week ass dee Rendez-vous, wou op d’Rechter vun der LGBTQIA+ Communautéit opmierksam gemaach gëtt.
Um Mëttwochowend war an der Stad déi éischt Editioun vum Luxembourg Pride Run. Zil ass et, duerch dëse Laf op d’Uleies vun deene Leit opmierksam ze maachen, déi sech net an der traditioneller heterosexueller Geschlechterrolle Fra a Mann erëmfannen.