ChamberPrinzipiellen Accord fir gréisser Infrastrukturprojete weider ze plangen

Maxime Gillen
Dës 20 gréisser Projete sollen tëscht 10 a 40 Milliounen Euro kaschten.
© Dan Wiroth (Archiv)

An der Chamber gouf et e Mëttwoch de Mëtteg de prinzipiellen Accord fir d'Regierung, fir 20 gréisser Infrastrukturprojete weider ze plangen.

Zu de presentéierte Projete gehéieren ënnert anerem administrativ Gebaier fir de Staat, genee wéi national an europäesch Institutiounen, déi entweder nei gebaut oder ëmgebaut solle ginn. Zum Beispill soll de fréiere Stater Kolléisch reamenagéiert ginn, fir en Deel vun de Servicer vun der Justiz, an zu Bouneweg soll e ganzt neit Bürosgebai fir eng 250 Leit entstoen, dat da vum Staat soll genotzt ginn.

Op de Gebaier um Härebierg solle Solar-Panneauen installéiert ginn. A fir den Nordstad-Lycée soll eng prefabrizéiert Struktur opgebaut ginn.

Weider Beispiller fir gréisser Projeten, déi e Mëttwoch de Mëtteg presentéiert goufen, sinn de Reamenagement vun der Rocade an der Stad an déi nei Organisatioun vun der Stäreplaz fir den ëffentlechen Transport.

Back to Top
CIM LOGO