Pressekonferenz DPPrioritéiten zum Thema Kafkraaft, Wunnengsbau an Energie virgestallt

Fanny Kinsch
Wunnengsbau, Kafkraaft, Energie - d'Demokratesch Partei huet hire Bilan an dëse Beräicher verdeedegt an d'Iddien aus hirem Walprogramm virgestallt.
© René Pfeiffer / RTL

Ënnert anerem soll den Energiepräisdeckel kënne verlängert, Terrainen an ëffentlecher Hand direkt duerch ëffentlech a privat Acteure bebaut a Photovoltaik-Anlagen op Privathaiser a verschiddene Fäll vum Staat iwwerholl ginn. Dat fir déi Proprietären, déi sech dat selwer net leeschte kënnen. D’Klimasubsidë sollen dann direkt ausbezuelt ginn. Eng duerchschnëttlech Photovoltaik-Anlage mat enger Leeschtung vu 6 Kilowattpeak géing 12.000 € kaschten, wouvun de Staat aktuell 62,5% iwwerhëlt, illustréiert de Minister vum ëffentlechen Déngscht Marc Hansen:

“Dat wär e Subside vu 7.500 €. Da komme ganz dacks nach Subside vun de Gemengen dobäi, ech ka vläicht d’Beispill och do zitéiere vu menger Gemeng, der Gemeng Useldeng, well ech och do genee weess do schwätze mer dann nach eng Kéier vun 2.000€ wat déi Gemeng dobäi gëtt. Dat heescht mir hunn 9.500 €, déi am Fong iwwert d’ëffentlech Hand finanzéiert ginn awer eréischt no deem de Bierger et bezuelt huet.”

D’DP iwwert de Wunnengsbau, d’Kafkraaft an d’Energie / Fanny Kinsch

Wann awer de Staat dat direkt géing iwwerhuelen, misst de Proprietär just 2.500€ bezuelen. Am Wunnengsbau da wëll d’DP ënnert anerem e Biergerfong aféieren, sou de Parteipresident a Mëttelstandsminister Lex Delles:

“Wou et drëm geet, dass Leit, déi vläicht e puer Su op der Säit hunn, déi wëlle mat investéieren, och kënnen an dee Fong investéieren, fir esou néidegt Kapital ze kréien, fir nach eng Kéier Wunnengen ze bauen. Op der enger Säit huet een dann e Rendement an op där anerer Säit huet een awer och dozou bäigedroen zum kollektiven Effort an dëser Logementskris.”

Fir d’Kafkraaft vun de Leit ze stäerken, soll iwwerdeems d’Steiertabell reegelméisseg un d’Inflatioun ugepasst ginn, sou de liberale Premierminister a Spëtzekandidat Xavier Bettel:

“Jo, well et eeben och wichteg ass, dat och ze maachen, an dass hautdesdaags awer verschidde Leit awer eng gewëssen Amnesie hunn, wa se eis elo soen, mir hätten dat scho laang gemaach, ech wëll just drun erënneren, dass dat och ënnert engem Luc Frieden geschitt ass, dass déi éischt Net-Adaptatioun vun der Steiertabell och gemaach ginn ass.”

D’DP wëll d’Stéit iwwerdeems bis an d’Mëttelschicht entlaaschten, u wéi eng Zort Akommes een hei denkt, wollt d’Partei op Nofro awer net chiffréieren.


LINK: De ganzen Dossier vun den Nationalwalen

Back to Top
CIM LOGO