
Wéi et an der Matdeelung vun der Prisongsadministratioun heescht, wier kengem eppes geschitt, well d'Beamten op der Plaz séier intervenéiert sinn an d'Feier ënner Kontroll brénge konnten.
De Materialschued ass allerdéngs héich. Parquet, Police an den Ombudsman, als externe Kontrolleur vun den Dententionszentren, goufen informéiert. Et gouf eng Enquête lancéiert.