Ugrëff op GiischtercherPrisongs- a Geldstrofe fir béid Prisonéier

RTL Lëtzebuerg
Wéinst enger Ausenanersetzung mat Giischtercher, am Abrëll zejoert zu Schraasseg, soll et fir zwee Prisonéier bei der Strof aus 1. Instanz bleiwen.

Dat huet de Vertrieder vum Parquet général e Freideg de Moien allzäit op der Cour d'appel gefuerdert.

Déi zwee Männer waren dowéinst am Dezember d'lescht Joer eemol zu 12 an eemol zu 6 Méint Prisong verurteelt ginn. Dobäi waren eng Geldstrof vun all Kéiers 1.000 € komm, iwwerdeems ee Giischtjen, dee geschloe gi war, Schuedenersatz an Héicht vun 2.500 € zougesprach kritt hat.

Dat 1. Urteel wär ewell zimmlech gedam gewiescht, huet de Vertrieder vum Parquet gemengt. Dee festgehalen huet, dass deen een Ugekloten ee Giischtjen attackéiert an en anere geschloen hätt, méi wéi eemol, an deen zweeten Ugekloten op den zweete Giischtje gespronge wär.

Dee Beschëllegten, dee méi Prisong kritt hat, huet de Moien zouginn, dass hie geschloen huet; hie wär voll gewiescht. De Matugekloten hätt dogéint näischt gemaach. Sou huet dee Mann sech dann och verdeedegt: Hien hätt de Matugekloten an de Giischtje wëllen auseneen huelen, respektiv de Prisonéier wëllen zréckhalen, d.h. keng Gewalt gebraucht.

Hir Affekoten hu virun deem Hannergrond manner héich Strofe wéi an 1. Instanz gefuerdert. Dem Me Roby Schons no, Affekot vum Mann mat där méi héijer Strof, sollt dee just eng Geldstrof kréien oder eng Prisongsstrof vun net méi wéi 6 Méint, déi an Aarbechten am Déngscht vun der Allgemengheet kéint ëmgewandelt ginn. De Client hätt d'Gefill, dass seng Versioun net gehéiert gouf; de Mann hätt just eemol geschloen an net bis zu 3mol. De Me Stroesser, Affekot vum Matugekloten, huet fir dee just nach eng Geldstrof gefrot. Säi Mandant wär als Ugräifer ugesi ginn, obwuel hien d'Leit just hätt wëllen ausenee bréngen; et wär seng Absicht gewiescht, fir de Matugekloten ze berouegen an eng Eskalatioun ze verhënneren. Dass hie wëllentlech dra geschloen hätt, hätten och 3 Giischtercher net confirméiert.

Dogéint huet de Me Olivier Unsen, Affekot vum Giischtjen, dee Schuedenersatz kritt hat, d'Confirmatioun vum 1. Urteel op deem Punkt verlaangt. D'Appellsuerteel ass fir de 14. Januar.

Back to Top
CIM LOGO