Déidlechen AarbechtsaccidentPrisongsstrof fir Gerant a Geldstrof fir Viraarbechter a Firma gefrot

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie goung de Prozess ëm en déidlechen Aarbechtsaccident am Abrëll 2016 weider.
© Archiv

Déidlechen Aarbechtsaccident

En Aarbechter vun 39 Joer war deemools erdréckt ginn, nodeems eng Stëtzmauer ofgebaut an den Onglécklechen duerch de Buedem, deen dës Mauer zréckgehalen hat, verschott gouf. De Vertrieder vum Parquet huet eng Geldstrof an eng Prisongsstrof mat méiglechem Sursis fir de Gerant an eng Geldstrof fir e Viraarbechter a fir d'Firma gefrot.

Et bréicht eng ofschreckend Strof fir de Gerant, deem seng Attitüd bei der Police, d'Responsabilitéit op de Viraarbechter wëllen ze drécken, hien interpelléiert hätt, sot de Vertrieder vum Parquet en Donneschdeg um Enn vu sengem Requisitoire. De Schantje wär nämlech vun der ITM zougemaach ginn, dat wéinst Dysfonctionnementer, déi jidderee konnt gesinn, och de Gerant. Fir dee sollte 6 Méint Prisong, mat méiglechem Sursis, an eng Geldstrof vun 10.000 € gesprach ginn. Fir d'Firma wären iwwerdeems Geldstrofe vun am Ganze 40.000 € adequat, iwwerdeems de Viraarbechter eng Geldstrof sollt kréien, där hir Héicht hien de Riichteren iwwerloosse géif.

De Vertrieder vum Parquet hat do virdrun ervirgehuewen, dass keng detailléiert Buedemanalys gemaach gi wär. D'Stëtzmauer wär dofir sou gebaut ginn, wéi se gebaut gouf. Donieft wär och d'Stabilitéit vun der Mauer net ënnert d'Lupp geholl ginn, an et wär net zu enger Evaluatioun vun de Risike komm. Dass d'Mauer sou ofgebaut gouf, wéi s'et gouf, hätt d'Aarbechter, Zitat „an Doudesgefor bruecht". De Gerant an d'Firma géifen d'Verantwortung dofir droen, dass den Aarbechter hir Sécherheet a Gesondheet net garantéiert gewiescht wär.

D'Affer, dat als Chauffeur-Mecanicien agestallt gouf, hätt keng Formatioun fir d'Ofbaue vun der Stëtzmauer kritt an de Viraarbechter net déi néideg Mesuren ergraff, fir den Accident ze verhënneren. Iwwerdeems géif et am Dossier zwar objektiv Elementer dofir ginn, dass et Drock vun der Stater Gemeng gouf, fir d'Mauer ofzebauen. Et wär awer net determinéiert ginn, op wéi eng Aart a Weis dat sollt geschéien.

D'Urteel ass fir de 27. Februar.

RTL-Artikel: Fräisproch fir Gerant a Viraarbechter vu Baufirma gefrot
RTL-Artikel: Déidlechen Aarbechtsaccident: Viraarbechter, Gerant a Firma ugeklot

Back to Top
CIM LOGO