
Nodeems am Abrëll d’Ettelbrécker Maternité fir zwee Méint zougaange war, hat e Familljepapp eng Petitioun lancéiert, nodeems hie mat senger klenger Duechter, déi eppes verschléckt hat, vun Ettelbréck fort an d’Staat geschéckt gi war. Seng Fuerderung: fir eng pediatresch Urgence am Ettelbrécker Spidol ze kréien. D’Petitioun hat eng méi vast Debatt iwwer de medezinesche Service am Norden ugestouss. E Méindeg ass et an deem Dossier zu Conclusioune komm an déi schéngen éischter vag.
Eng pediatresch Urgence wäert et an nächster Zukunft net am Ettelbrécker Spidol ginn. Allerdéngs ass jo zanter enger Zäit d’Maternité nees op an Urgencë bei Neigebuerene kënnen an der Nordstad traitéiert ginn, déi méi al Kanner mussen allerdéngs weider an d’Stad. De Mars di Bartolomeo vun der LSAP ass President vun der Santéskommissioun. Mat der aktueller Léisung ass een zefridden. D’Urgence an der Maternité géif iwwert en Anästhesist mat enger zousätzlecher Formatioun an der Neonatologie funktionéieren. Iwwer Telekommunikatioun géif et och Assistenz aus der Neonatologie aus dem CHL.
Et kéint een awer iwwerleeën, op Salariésdokteren zeréckzegräifen, fir d’Situatioun an den Urgencen z’entspanen. D’Oppositioun weist sech manner begeeschtert. D’CSV lueft zwar de Fonctionnement vun der Maternité, ma dat géing net duergoen. Iwwert d’Conclusiounen aus der Kommissioun wier een enttäuscht, et wier éischter eng Bestandsopnam ewéi e Weiderdenken. D’Situatioun wier nach ëmmer ugespaant, wann e Kand am Norden an d’Urgence misst an d’Gesondheetsministesch wier sech dem Problem net bewosst.
Änlech gesinn et och déi Lénk.
Fir déi aner Regierungsparteien, déi gréng an DP, misst een d’Situatioun am Norden an engem gréissere Kontext vu Personal-Mangel gesinn.
Dofir géif een elo un der Formatioun schaffen, andeems beispillsweis en neie Bachelor-Studiegank fir Infirmieren ugebuede géif.
Déi gréng schwätze sech dofir aus, d’Maisons Médicales ze stäerken an esou manner Leit an den Urgencen ze hunn. Eng Iddi, déi och bei der ADR Gehéier fënnt.
Fir d’Pirate géifen d’Leit mam Formatiounsargument allerdéngs vertréischt, d’Klinikspersonal misst einfach besser bezuelt ginn.
Wéini genee een dann eng Erliichterung um Terrain géif gesinn, dorop wollt ee sech e Méindeg iwwerdeems net festleeën. Pediatresch Urgencë mussen deemno weider an der Stat traitéiert ginn.