CGDIS an CNSProblemer mat den Ambulanze-Rechnunge fir den 1. Januar geléist

RTL Lëtzebuerg
Zanter Juli 2018 ass de CGDIS zoustänneg fir d'Rettungsdéngschter am Land.
Problemer mat den Ambulanze-Rechnungen
Zanter Juli 2018 ass de CGDIS zoustänneg fir d'Rettungsdéngschter am Land.

Wien zanterhier eng Ambulanz gebraucht huet, krut entweder nach guer keng Rechnung geschéckt, oder awer se nach ëmmer net vun der Gesondheetskeess rembourséiert. Scho virun engem Joer hate mer nogehaakt, u wat dat géif leien. De CGDIS hat deemools erkläert d'Informatesch Systemer wären nach net ganz installéiert. Déi missten jo awer elo esou lues lafen.

Déi informatesch Systemer sinn installéiert, d’Ambulanze fueren – an der Moyenne eng 140 Asätz den Dag. Ma bis ewell goufe vu 657 Rechnungen, déi d’Leit bezuelt an un d’Krankekeese geschéckt hunn, nach keng eenzeg rembourséiert. De Grond ass eng juristesch Inkompatibilitéit tëscht de Statutte vun der CNS, deem neie CGDIS-Gesetz an dem neie Spidolsgesetz.   René PIZZAFERRI - Patientevertriedung: Wéi de CGDIS gegrënnt ginn ass, ass ganz einfach vergiess ginn, dee klenge Problem, datt Patiente misste rembourséiert ginn. Et ass einfach net gemaach ginn.

Paul SCHROEDER - Generaldirekter CGDIS:  Mir ware vun eiser Säit aus prett, fir informatesch Donnéeën erauszeschécken, kruten awer du vun hirer Säit aus mat, datt se mat den Texter Problemer hate, wat d'Statutten ugeet. Dee Moment hu mir d'Verschécke vun de Rechnunge gestoppt. 

Dem Ministère vun der Sécurité sociale no waarde 555 Leit op Remboursementer vun der CNS, 70 Rechnunge musse vun der Keess vun de Staaatsbeamten an Employéeen zréckbezuelt ginn, 19 vun der Bunn, an 13 vun der Keess vum Gemengepersonal.

Eng Situatioun, fir déi d'Patientevertriedung kee Versteesdemech huet.

René PIZZAFERRI: Et betrëfft virun allem och Leit, déi keng Suen hunn. Och eeler Leit, déi mat der Ambulanz transportéiert gi sinn an déi op hir Sue waarden.

De Problem soll awer elo fir den 1. Januar geléist ginn. Dat mat Amendementer, déi am Budgetsgesetz 2020 adoptéiert ginn.

Paul SCHROEDER: Ech mengen, d'Budgetsgesetz muss fir den 1. Januar a Kraaft sinn an dee Moment wäert deen do Problem och geléist ginn. Esou datt déi Leit, déi nach net konnte rembourséiert ginn, och wäerte rembourséiert ginn. Well de Gesetzesprojet virgesäit, dass dat och retroaktiv soll méiglech sinn. A vun deem Moment u kënne mir och nees Rechnungen erausschécken.

E Batz Aarbecht, well et sinn zegdausend Rechnungen, déi de CGDIS zanter Februar net méi erausgeschéckt hat. Bedeit e Lach vu ronn 5 Milliounen Euro an der CGDIS-Keess, dat awer bis elo mat Reservë konnt ausgeglach ginn.

Back to Top
CIM LOGO